logo_tcheiderscheid

Historique

Den 20. Abrëll 1985 war Grënnungsversammlung vum Tennisclub Fuussekaul Heischent.

Den 08. Mee 1985 war Organisatiounsversammlung an där den 1. Kommitee gebilt ginn ass.

1986 ass dunn den TC Heischent vun der Fédration Luxembourgeoise de Tennis (FLT) opgeholl ginn.

Déi éischt Joren ass op deenen 2 Tennisterraine vun der Fuussekaul gespillt ginn.

Den 08. November ass den 10. Anniversaire vum TC Heischent gefeiert ginn.

Den 01. Abrëll 1998 huet de Bau vun eisen eegenen 2 Tennisterrainen nieft der Sportshal zu Heischent ugefaangen. Den 24. Abrëll goufen dunn di 2 nei Terraine feierlech ageweit.

Am Joer 1999 ass eist Klubhaus nieft den Tennisterraine gebaut ginn.

Den 19. September 2010 ass den 25. Anniversaire vum TC Heischent gefeiert ginn.

1985 huet deemools den Tennisclub mat 36 Memberen ugefaangen an haut kenne mer ganz stolz soen datt den Tennisclub aus méi ewéi 120 Membere besteet.